Mir wëllen de Leit an eisem Danzclub eng Méiglechkeet bidden regelméisseg ze danzen.
Am Prinzip kann jidderee Member ginn, egal wéi gutt en danze kann, an egal wéi jonk oder al en ass.
Mir froen eng jährlech Cotisatioun fir d’Käschten vum Danzclub ze finanzéiren:
15 € pro Joer (Studenten nëmmen 10 €).
Mir danzen am grousse Sall am Centre Prince Henri zu Walfer. Dat ass direkt bei der Bréck vis-à-vis vun der Walfer Gemeng.
Eis nächst Danzowender si vun 20 bis 22 Auer op folgenden Deeg:
Donneschdeg 18. an Dënsdeg 30. Sept. 2025
Dënsdeg 21. Okt. 2025
Donneschdeg 20. Nov. 2025
Donneschdeg 11. Dez. 2025
Donneschdeg 8. an 29. Jan. 2026
Donneschdeg 5. an Dënsdeg 24. Febr. 2026
Dënsdegs 3. an 17. an Donneschdeg 26. März 2026
Donneschdegs 16. an 30. Abrëll 2026
Dënsdeg 5. an Donneschdeg 14. Mai 2026
Dënsdegs 2. an 16. Juni 2026
Dënsdeg 7. Juli 2026
Eventuell Ännerungen gin op eisem Internetsite publizéiert.
Kukt kuerz virdrun op den Danzowend vlaicht annuléiert gouf (ze wéineg Umeldungen, ...)
Meldt iech w.e.g. per E-mail un
Fir weider Informatiounen
kontaktéiert e Komiteesmember
oder E-mail WalferDanzclub(at)gmail.com oder Info(at)WalferDanzclub.lu