Mir wëllen de Leit an eisem Danzclub eng Méiglechkeet bidden regelméisseg ze danzen.
Am Prinzip kann jidderee Member ginn, egal wéi gutt en danze kann, an egal wéi jonk oder al en ass.
Mir froen eng jährlech Cotisatioun fir d’Käschten vum Danzclub ze finanzéiren:
15 € pro Joer (Studenten nëmmen 10 €).
Mir danzen am grousse Sall am Centre Prince Henri zu Walfer. Dat ass direkt bei der Bréck vis-à-vis vun der Walfer Gemeng.
Eis nächst Danzowender si vun 20 bis 22 Auer op folgenden Deeg:
- Dënsdeg 22. Sept. 2026
- Dënsdeg 13. Okt. 2026
- Donneschdeg 26. Nov. 2026
- Dënsdeg 23. Febr. 2027
- Donneschdegs 4. an 18. März 2027
- Dënsdegs 13. an 27. Abrëll 2027
- Dënsdeg 4. Mai 2027
- Dënsdeg 8. an Donneschdeg 24. Juni 2027
Eventuell Ännerungen gin op eisem Internetsite publizéiert.
Kukt kuerz virdrun op den Danzowend vlaicht annuléiert gouf (ze wéineg Umeldungen, ...)
Meldt iech w.e.g. per E-mail un
Fir weider Informatiounen
kontaktéiert e Komiteesmember
oder E-mail WalferDanzclub(at)gmail.com oder Info(at)WalferDanzclub.lu